Probéiert d’Leneda-API aus
16 Oct 2024
Leneda Benotzer mat engem aktiven Energievertrag kënnen elo op hir Zäitreihendaten iwwer d’Leneda API zougräifen. D’Beschréiwung wéi een sech en API Schlëssel erstelle kann fann dir hei: “API-Schlësselen erstellen a verwalten”.
Wann Dir Äre Schlëssel hutt, consultéiert w.e.g. eis API Referenzsäit fir ze gesinn, wéi eng Endpunkten aktuell verfügbar sinn a wéi eng Donnéeën ofgeruff kënne ginn. Weider Endpunkte wärten a noer Zukunft bäikommen.
Als zousätzleg Hëlef hu mir och eng Sektioun fir technesch Dokumenter bäigesat, wou Dir méi technesch Informatiounen, wéi z.B. Erklärungen zu OBIS-Coden, fannt.