Heefeg gestallte Froe
Hei fannt Dir d'Äntwerten op déi am heefegste gestallte Froen zu Leneda
Froen iwwert d’Energy ID
Wat ass eng Energy ID?
Eng Energy ID ass eng eenzegaarteg Identifikatioun fir Privatpersounen a Professioneller, fir all Transaktiounen am Energiemaart zu Lëtzebuerg méi séier a méi sécher ze maachen. Méi Informatiounen iwwert déi gesetzlech Basis fannt Dir hei.
Firwat brauch ech eng Energy ID?
Vum Fréijoer 2025 un, wäerten Energiefournisseuren an aner Maartakteuren Är Energy ID froen, fir Transaktiounen an Ärem Numm duerchzeféieren. Et ass virgesinn dat all Netznotzer bis Ufank 2027 eng Energy ID kritt. D’Umeldung op Leneda an d'Erstellen vun Ärer Energy ID mécht energeetesch Prozesser méi einfach fir Iech an all déi involvéiert Acteuren.
Froen zur Umeldung (Onboarding)
Firwat muss ech mech mat LuxTrust oder IDnow identifizéieren? Firwat braucht Dir meng perséinlech Donnéeën?
Fir Är Donnéeë sécher ze halen, erlabe mir den Zougang just u richteg Leit. Esou gëtt dofir gesuergt, datt Dir nëmmen déi Donnéeë gesitt déi Dir och dierft gesinn. Duerch dës Verifikatioun kritt Dir och Är Energy ID, déi als eenzegaartegen Identifikatioun am Energiemaart déngt. Méi dozou fannt Dir hei.
Ech hunn d’LuxTrust Mobile-App net. Wéi kann ech mech umellen?
Kee Problem! Wann Dir keng LuxTrust Mobile-App hutt, kënnt Dir Iech mat Ärer Identitéitskaart oder Ärem Pass iwwer IDnow identifizéieren. Wielt einfach "Ech hu kee LuxTrust-Zertifikat" beim Start vum Umeldungsprozess. Vergewëssert Iech, datt Dir eng gülteg Identitéitskaart hutt an en Handy mat enger gudder Kamera, well Telefonskameraen dacks besser funktionéiere wéi Webcams.
Kann ech aner LuxTrust-Optiounen benotzen ausser der mobiler Versioun?
Am Moment ënnerstëtze mir nëmme LuxTrust Mobile. Wann Dir dëst net hutt, kënnt Dir Iech iwwer IDnow mat Ärer Identitéitskaart oder Ärem Pass verifizéieren.
Soll ech mäi private oder mäi beruffleche LuxTrust-Zertifikat benotzen?
Dat läit bei Iech! Mir recommandéieren allerdéngs, de privaten Zertifikat ze benotzen, well et méi praktesch ass.
Firwat braucht Dir meng Kontaktinformatiounen?
Mir si gesetzlech verflicht, Iech ze informéieren, wann e Stroum- oder Gasfournisseur oder Ären Netzbedreiwer op Är Donnéeën zougräift oder se ännert. Är E-Mail-Adress an Är Telefonsnummer gi just fir dës Notifikatioune gespäichert.
Firwat kréien ech Notifikatioune vu Leneda?
Mir schécken Iech Notifikatioune per E-Mail, SMS a geschwënn och iwwer d’Leneda-App, fir Iech iwwert Zougrëffer a Modifikatioune vun Ären Donnéeën um Lafenden ze halen. A verschiddene Fäll ass Är Zoustëmmung néideg, zum Beispill wann Dir eng Offer vun engem neie Stroumfournisseur ufrot.
Wien kann eng Firma oder eng Organisatioun op Leneda umellen?
D’Umeldung vu Firmen / Organisatioune muss vu gesetzleche Vertrieder gemaach ginn (z. B. wéi am Handelsregëster oder an offiziellen Dokumenter festgehalen).
Gemenge kënnen duerch Buergermeeschteren, Schäffen oder Gemengesekretären ugemellt ginn.
Kopropriétéiten musse vun der Gestiounsgesellschaft („Gérance“) ugemellt ginn.
D’Beschreiwung vum Prozess fann Dir hei.
Gemenge kënnen duerch Buergermeeschteren, Schäffen oder Gemengesekretären ugemellt ginn.
Kopropriétéiten musse vun der Gestiounsgesellschaft („Gérance“) ugemellt ginn.
D’Beschreiwung vum Prozess fann Dir hei.
Froen zum Zougang op Donnéeën
Ech hu mech ugemellt, gesinn awer meng Zielwäerter net. Wat maachen?
Wann Dir Är Zielwäerter net direkt gesitt, kann et sinn, datt Är Umeldung nach vum Netzbedreiwer veraarbecht gëtt. Dir kënnt Är Donnéeë manuell ufroen andeems Dir de Prozess "Feelenden Zielpunkt bäisetzen" verfollegt wéi hei beschriwwen.
Wéi eng Donnéeën kann ech an Leneda gesinn?
- Leneda erlaabt Iech, Är Stroum- a Gasverbrauchs-/Produktiounsdonnéeën ze gesinn, esouwéi:
- Wien Zougrëff op Är Donnéeën huet
- Är aktiv Energiekontrakter
- Är perséinlech Donnéeën, déi a Leneda gespäichert sinn
- Donnéeë si vun 1. Januar 2023 verfügbar.Fir méi al Donnéeë kontaktéiert w.e.g. Ären Netzbedreiwer.
Wéi kann ech op d’Energiedonnéeë vun enger Firma / Organisatioun zougräifen?
D’Firma / Organisatioun muss fir d’éischt registréiert sinn. Duerno musst Dir eng Roll hunn, déi Iech Zougang zu deenen Donnéeë gëtt. Méi dozou fannt Dir hei.
Ech si Manager vun enger Energieverdeelgrupp mee ech gesi keng Donnée. Firwat?
Falls d‘Energieverdeelgrupp virun Ärer Registréirung a Leneda erstallt gouf, erkennt de System Iech méiglecherweis net automatesch als Manager. Wend Iech an deem Fall mat Ärer Energy ID an der Vertragsnummer vun der Verdeelgrupp un äre Netzbedreiwer.
Ech hunn engem Drëtten Zougrëff op meng OBIS Kennzuele ginn. Elo well ech him nach weider OBIS Kennzuele ginn. Wéi geet daat?
Am Moment muss Dir dee besteeënden Zougrëff fir deen Drëtte ganz läschen an him en neien Zougrëff mat deene gewënschten OBIS Kennzuele ginn.
Froen zu de Benotzerrollen an Leneda
Wien verwalt d’Mataarbechterrollen an Leneda?
Wann Dir e gesetzleche Vertrieder oder "Benotzer-Administrator" vun enger Firma / Organisatioun sidd, kënnt Dir Rollen un aner Benotzer verginn. Aktuell hu Rolle kee Verfallsdatum, et läit also an Ärer Verantwortung, dës reegelméisseg ze aktualiséieren.
Méi dozou fann Dir hei.
Méi dozou fann Dir hei.
Kënnen méi Leit déi selwecht Roll hunn?
Jo! Betriber an Organisatioune kënnen déi selwecht Roll u verschidde Persoune verginn. Wann eng Entreprise méi wéi ee gesetzleche Vertrieder huet, kann d’Roll "Gesetzleche Vertrieder" un all déi zougewise ginn. Wichteg ass awer dat op mannst eng Persoun oder Organisatioun als gesetzleche Vertrieder agedroen ass.
Froen zu Energiedonnéeën
Wat bedeiten déi verschidde OBIS-Coden?
Eng komplett Lëscht vun den OBIS-Coden an hir Bedeitung fannt Dir hei.
Firwat gi verschidde Stroumwäerter a kW an anerer a kWh ugewisen?
- Den Zieler zeechent eng duerchnëttlech Leeschtung a 15-Minutten Intervallen op:
- kW (Wirkleeschtung)
- kVar (Blannleeschtung)
- Fir méi länger Zäitraim (stënterlech, deeglech, wéchentlech, monatlech) ginn d’Wäerter als Energie ugewisen:
- kWh (Wirkenergie)
- kVarh (Blannenergie)
Wéi kann ech kW-Wäerter a kWh ëmrechnen?
Déi exportéiert Wäerter sinn a 15-Minuten-Intervalle opgeholl. Fir d’Energie a kWh ze kréien, muss een dës Wäerter zesummerechnen an duerch 4 deelen.